Wou bleiwen d’Schoulbicher fir Lëtzebuerg a seng Sprooch?

Am Kader vun de Gespréicher iwwert déi  neisten Entwécklunge beim Lëtzebuergeschunterrecht am Lycée, huet d’Presidentin vun der Programmkommissioun vum Lëtzebuergeschen am Enseignement Secondaire drop higewisen, datt d’Nofro no pedagogeschem Material immens grouss wier, mee et géif es net genuch ginn.

Den Deputéierte Fred Keup wollt et genau wëssen an huet beim Educatiounsminister  Detailer gefrot iwwert den aktuelle Stand beim didaktesche Material fir de Lëtzebuergeschunterrecht jeeweils an der Grondschoul an am Enseignement Secondaire.

 

Deel dëse Post: