Wou bleift d’Ënnerstëtzung fir eis Dokteren?

Iwwerschaffe vun der Nomenklatur vun de medezinesche Leeschtungen, Problemer beim Unerkenne vun de medezineschen Diplomer, ongenügend Vertriedung vun Dokteren am Comité vun der CNS, keng Entschiedegung bei der Permanence, feelend Transparenz, wat de Bléck an d’Zukunft vum Medezinner-Beruff ugeet: D’Lëscht vun den Uleiesse vun eisen Dokteren ass laang. Firwat gëtt net esou op si gelauschtert, wéi si dat fir hir wichteg Aarbecht verdéngt hätten? D’ADR-Fraktioun mécht mat enger Rei parlamentaresche Froen Drock op d’Regierung, fir datt d’Dokteren endlech méi Unerkennung entgéintbruecht kréien.

Deel dëse Post: