Wou bleift de Respekt virum Parlament?

De Minister vun der Fonction publique ignoréiert wichteg Froe vun der ADR-Ost-Deputéiert Alexandra Schoos iwwert déi problematesch Situatioun bei der aarbechtsrechtlecher Protektioun vun de Personaldelegéierten am ëffentleche Secteur.  Domat devaloriséiert hien d’Parlament als Kontrollorgan vun der Regierung – eppes wat d’ADR esou net kann duerchgoe loossen!

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister vun der Fonction publique weiderzeleeden.

De 16. Januar 2024 hat d’ADR-Deputéiert Alexandra Schoos eng parlamentaresch Fro un den Här Minister vun der Fonction publique gestallt, déi vun der Chamberverwaltung d’Nummer 167 krut.

An där Fro goung et ëm déi problematesch Situatioun bei der aarbechtsrechtlecher Protektioun vun de  Personaldelegéierten am ëffentleche Secteur, zu där d’Deputéiert dem Här Minister véier konkret Froe gestallt huet. Dobäi huet si sech op d’Konventioun N°151 vun der OIT (Organisation internationale du Travail) bezunn an och konkret Textpassagen zitéiert, fir datt den ugeschwate Problem an déi betreffend Froen onmëssverständlech sinn an d’Regierung deementspriechend och konkret Stellung bezéie kann:

„Et ass evident, datt e Personaldelegéierten, esouwuel am ëffentlechen ewéi och am private Secteur, fir senger Aarbecht korrekt nozegoen an domat déi professionell Interête vum Personal kënnen ze vertrieden, onofhängeg muss kënnen operéieren an duerch dat allgemengt Aarbechtsrecht muss geschützt sinn. Dëst ass iwwerdeems och duerch d’Konventioun N°151 vun der OIT (Organisation internationale du Travail), déi Lëtzebuerg ratifizéiert huet, festgehalen. Hei heescht et ë.a.: « Les organisations d’agents publics doivent jouir d’une complète indépendance à l’égard des autorités publiques. » Des Weideren ass an der besoter Konventioun festgehalen: « (…) l’exercice des droits syndicaux peut parfois impliquer que l’on critique les autorités des institutions publiques en tant qu’employeurs (…) »“

Den 12. Februar 2024, huet den Här Minister der ADR-Deputéierter eng Stellungnam zu där Fro geschéckt. Bedauerlecherweis ass hien dobäi guer net op déi eenzel Froen agaang an huet just déi kuerz a generell gehalen Äntwert ginn: „An hirer Fro schreift déi honorabel Deputéiert, dass fundamental Dispositiounen, déi gewerkschaftlech Fräiheete betreffen, am ëffentleche Secteur net géinge respektéiert ginn. Déi Ausso kann ech net confirméieren. “

Mir hunn déi Äntwert notéiert, wéilte si awer net onkommentéiert loossen. Net nëmmen ass den Här Minister net op déi sachlech gestallten an net onwichteg Froen agaangen, mee esou Äntwerte riskéieren och d’Parlament a senger Kontrollfunktioun vun der Regierung ze devaloriséieren. Mir wëssen, Här President, datt Iech déi institutionell Bedeitung vun der Chamber ganz wichteg ass an zielen dowéinst op Är Ënnerstëtzung. Et wier sécher sënnvoll och an der Presidentekonferenz op dës Fro zeréckzekommen.

Vu datt et eis als Deputéierten an esou engem Fall zousteet, déi betraffe Froen, déi net beäntwert gi sinn, nach eemol ze stellen an deen zoustännege Minister ze bieden, si ze beäntwerten, wëlle mir dat heimat maachen.

An deem Kontext wéilte mir déi véier Froen nach emol un den Här Minister stellen:

  1. Ass den Här Minister der Meenung, datt déi selwecht aarbechtsrechtlech Protektioun vum Personaldelegéierten, déi am private Secteur gëllt, och am ëffentleche Secteur misst gëllen?
  2. Wéi ass et an den Ae vum Här Minister ze veräntwerten, datt Lëtzebuerg, doduerch datt déi aarbechtsrechtlech Protektioun vum Personaldelegéierten an der ëffentlecher Fonctioun net respektéiert gëtt, géint d’Konventioun N°151 vun der OIT verstéisst, déi eist Land jo awer ratifizéiert huet?
  3. Wéi gedenkt den Här Minister elo konkret virzegoen, fir dëser Situatioun méiglechst séier Rechnung ze droen, esou datt de Personaldelegéierten am ëffentlechen Déngscht de selwechte Schutz garantéiert gëtt ewéi am private Secteur?
  4. Wäert d’Regierung elo och am Recht vum ëffentlechen Déngscht déi néideg gesetzlech Bestëmmunge schafen, déi e besonnesche Schutz fir Personaldelegéierter virgesinn, sou wéi dat am Aarbechtsgesetz de Fall ass?

Mat déiwem Respekt, Fred Keup (Fraktiounspresident vun der ADR), Alexandra Schoos (Deputéiert)

Deel dëse Post: