Wiele mat 16: Dat kléngt vläit gutt, fir déi Jonk esou eppes ze froen. Awer et geheit e Gläichgewiicht iwwert de Koup, deen a laange Joeren opgebaut ginn ass. Den 18. Gebuertsdag bréngt deene jonke Leit esou vill Méiglechkeeten fir hirt Liewen als Erwuessener ze maachen, dass een och d’Recht (an d’Pflicht) fir wielen ze goen op deen Dag soll bannen.

 

Inhalt

1. Un d’Groussjäregkeet bannen
2. Versteesdemech fir d’Politik
3. Risiko vu Manipulatioun
4. Och d’Zuel 16 ass arbiträr
5. Prinzip vum fakultative Walrecht
6. Rechtlech Grondfroen
7. Alternativ Propose vun der ADR
ANNEXEN
Formuléierung vun der Referendumsfro
ADR-Walprogramm
1. Un d’Groussjäregkeet bannen
D’ADR wëll de Walalter net vun dem vum Alter, wou e groussjäreg gëtt, ofkoppelen. Esou behält een eng Kohärenz an der Jugendpolitik (Strofrecht, aner Rechter a Flichten).
Zu Lëtzebuerg, wéi an deenen allermeeschte Länner vun der Welt, erreecht een d’Groussjäregkeet (majorité civile) mat 18 Joer. An deem Alter kritt een nei Rechter, awer och nei Flichten. Virdrun ass ee mannerjäreg (mineur d’âge), wat och bedeit, datt een e vill méi grousse Schutz genéisst, z.B. a ganz besonnesch am Beräich vun der Justiz. Och d’Abannen un d’Elteren, mat alle Virdeeler a géigesäitege Rechter a Flichten, besteet am Prinzip bis 18 Joer. De Walalter erof ze sëtze kéint bedeiten, datt och spéider den Alter fir d’Groussjäregkeet kéint erof gesat ginn, oder dat zumindest a bestëmmte Beräicher de Schutz, deen de Mannerjäregen haut genéisst, erof gesat kéint ginn.

Zréck bei den Inhalt

 

2. Versteesdemech fir d’Politik
D’Versteesdemech vu Politik bedéngt net nëmme Wëssen iwwer d’Institutiounen an d’Parteien.
D’Recht, wielen ze goen, bedéngt och d’Asiicht a komplex mënschlech Verhalensweisen, Denkschemaen a Reaktiounen, déi een eréischt mat der Zäit besser kennen- a verstoe léiert. Och wa jonk a ganz jonk Leit sech schonns fréi fir Politik interesséieren, wat d’ADR begréisst, da geet dat alleng nach net duer, fir politesch Decisiounen ze huelen, déi jo ganz vill a ganz eescht Implikatiounen hunn.

Zréck bei den Inhalt


 

3. Risiko vu Manipulatioun
De Risiko vun der Manipulatioun bei Mannerjäregen ass ganz grouss. De Walalter bei 18 Joer loossen, huet also och eng Schutzfunktioun fir dës Jugendlecher.
An de Schoule ginn déi Coursë vun Instruction civique a Philosophie eréischt op méi héije Schoulklassen ugebueden, wat dem Alter ugepasst ass an och déi Jonk zum richtegen Zäitpunktvirbereed, fir erwuessen ze ginn, ouni hinnen ze fréi d’Freed an d’Fräiheete vun dem „jugendlechem Liichtsënn“ ze huelen.

Zréck bei den Inhalt

 

4. Och d’Zuel 16 ass arbiträr
D’Altersgrenz vu 16 ass arbiträr.
Richteg ass, datt all Jugendlechen en Individuum ass, a méi fréi oder méi spéit sech fir gewësse Saachen interesséiert. Och fir d’Politik ass deen een éischter räif ewéi en aneren. D’Politik muss awer een Alter bestëmmen, dee fir jidderee passt. Et kann ee jo de Walalter net un eng Prüfung bannen!
D’Piratepartei wëll 13 Joer! Wou wëllt een d’Grenz zéien?
Mir mengen, mat 18 Joer ass an enger laanger wueliwwerlueter Entwécklung e gudde Schnatt fonnt ginn. ‘t brauch een nëmmen ze kucken, wéi Schrëtt fir Schrëtt den Alter fir wielen ze goen a fir gewielt ze ginn, op den Alter ugepasst gi sinn.

Zréck bei den Inhalt

5. Prinzip vum fakultative Walrecht
D’ADR wëll keen Aschnëtt an de Prinzip vun der Walflicht duerch d’Méiglechkeet vun enger fakultativer Bedeelegung.
Och dat ass eng kohärent Positioun vun der ADR, déi jo och kengen anere Gruppe vun der Gesellschaft (z.B. den Auslänner) wëll eng Méiglechkeet op e fakultatiivt Walrecht opmaachen. (D’Ausnam däerf nëmmen, wéi bis elo, fir eeler Leit ab 75 Joer gëllen).

Zréck bei den Inhalt

 

6. Rechtlech Grondfroen
D’Walrecht ass kee Grondrecht am Sënn vun engem elementare Mënscherecht, dat ëmmer an ënnert alle Konditioune gi wär.
D’Walrecht ass e Biergerrecht, also e politescht Recht, dat ënner deene Konditiounen ausgeübt gëtt, déi d’Parlament bestëmmt. Konditioune sinn z.B. den Alter, d’Nationalitéit, d’zivil Rechter net viru Geriicht verluer ze hunn, déi geeschteg Zourechnungsfäegkeet. Et gëtt och verschidde Konditioune bei verschiddene Walen, wéi d’Walrecht bei Sozialwahlen.
Dat sinn « restrictions raisonnables », wéi se am internationale Recht erlaabt sinn.

Zréck bei den Inhalt

7. AlternativPropose vun der ADR
D’Jugend huet schonns haut en ganz Rei Méiglechkeeten, sech politesch auszedrécken. Nieft der Partizipatioun a Parteien a Jugendparteien, a Gewerkschaften an ONG’en oder nach op Demoen, bestinn um institutionelle Plang vill Gremien, déi sech speziell un d’Jugend riichten. Duerzou gehéieren d’Jugendparlament, Schülercomitéen an den eenzelne Lycéeën, déi national Konferenz vun de Schüler, déi Allgemeng Konferenz vun der Lëtzebuerger Jugend (CGJL, Conférence Générale de la Jeunesse luxembourgeoise), Jugend- a Kannergemengeréit.
D’ADR fuerdert e verstäerkten Unterrecht iwwer Instruction civique an alle Schoulen, fir eng besser politesch Bildung ze erméiglechen. Hei mussen ALL Parteien, ënnert gläiche Bedingungen, an de Schoulen däerfen un de Meenungsbildung partizipéieren.
Am Sënn vun enger méi familljefrëndlecher Politik däerf een och iwwert aner Modeller diskutéieren, wéi z.B. iwwer e Familljewalrecht, bei dem d’Elteren e Stëmmrecht fir all Kand géife kréien.
D’ADR bitt selwer och d’Méiglechkeet fir déi jonk Leit, sech an hirer Jugendorganisatioun, der ADRenalin, ze engagéieren an doduerch politesch Erfahrung ze sammelen.

Zréck bei den Inhalt

ANNEXEN

Formuléierung vun der Referendumsfro
«Approuvez-vous l’idée que les Luxembourgeois âgés entre seize et dix-huit ans aient le droit de s’inscrire de manière facultative sur les listes électorales en vue de participer comme électeurs aux élections pour la Chambre des Députés, aux élections européennes et communales ainsi qu’aux référendums?»
«Sidd Dir mat der Iddi averstanen, datt d’Lëtzebuerger, déi tëschent 16 an 18 Joer al sinn, d’Recht kréien, sech fakultativ an d’Wielerlëschten anzeschreiwen, fir als Wieler bei de Wale fir d’Chamber, d’Europaparlament an de Gemengerot souwéi bei de Referende kënne matzemaachen?»
«Befürworten Sie die Idee, dass die Luxemburger im Alter zwischen sechzehn und achtzehn Jahren das Recht erhalten, sich fakultativ in die Wählerlisten einzutragen, um sich als Wähler an den Walen zur Abgeordnetenkammer, dem Europaparlament und dem Gemeinderat sowie an den Referenden beteiligen zu können?»

Zréck bei den Inhalt

 

 

ADR-Walprogramm
« Das Mindestalter für das aktive und passive Wahlrecht soll bei 18 Jahren bleiben. Gleichzeitig fordert die ADR eine Verstärkung des Bürgerkunde- Unterrichts in allen Schulen. »

Zréck bei den Inhalt