Wie wëll e Brexit-Exempel u Groussbritannien statuéieren?

D’haart Verhandlungslinn vun der EU mat Groussbritannien iwwer de Brexit soll aner Länner, déi och un en Austrëtt denken, ofschrecken. An als Äntwert op de Brexit soll Europa weider a Richtung Zentralstaat gepusht ginn. De Roy Reding huet an der Chamber den EU-Enthusiasmus vun deenen anere Parteie net gedeelt, wéi de 4. Juli eng Aktualitéitsstonn verbonne mat enger Interpellatioun ugesot waren. Well d’ADR wëll keen europäeschen Zentralstaat mat Bréissel als Haaptstad (Extrait aus der Ried vum Roy Reding, Video, 1’25”). EU-Flemm als Erklärung fir de Brexit ass jo vläit de Grond, firwat keen aneren Deputéierten wollt d’britesch Beweggrënn fir de Brexit ze ënnersichen.

De Roy Reding huet dobäi och erkläert, datt den Brexit ee konkreten a novollzéibare Grond hätt: nämlech en Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff, dat Groussbritannien d’Ausweisung vu 40 bekannten Terroriste verbueden hätt. Esou Urteeler an de sturkäppege Versuch, d’Nationalstaaten opzeléisen an en europäeschen Zentralstaat vu Bréissel aus ze regéieren hätten fir d’EU-Flemm gesuergt, an zwar net nëmmen a Groussbritannien. Duerfir wär et wichteg, aner Länner ze weise wéi schlecht et Groussbritannien mam Brexit géing goen. Hien huet awer och drop higewisen, datt net nëmmen Groussbritannien eventuell ënnert dem Brexit ze leiden hätt, mä datt och déi kontinantaleuropäesch Wirtschaft géing schlecht ewech kommen, wa keen Handelsofkommes kéint ofgeschloss ginn.

 

Deel dëse Post: