Wie passt op beim Schoulschwammen?

Am Oktober gouf e Gesetz gestëmmt, dat d’Astelle vu Remplaçanten an der Grondschoul gereegelt huet. Dat ass a véier Deeg duerch all Instanze gejot ginn. Net berécksiichtegt huet dëst iwwerstierzte Gesetz, datt déi Remplaçanten och e Liwensretter-Brevet brauchen, well d’Beopsiichtegung vun de Schwammstonnen ënnert hir Aufgabe fällt. De Fred Keup huet net nëmmen eng parlamentaresch Fro gestallt fir dee Mëssel opzeklären. D’ADR kommentéiert och an engem Pressekommunikee, wat vun der Regierungsapproche ze halen ass.

Deel dëse Post: