Wie muss wierklech um Trottoir streeën?

D’Verantwortung fir d’Sécherheet am ëffentleche Raum läit beim Staat an de Gemengen. Duerfir bezuelen d’Bierger massiv Steieren. Am Fall, wou et zu Schnéifäll oder Glëtz kënnt, delegéiere vill Gemengen hir Flichten awer un d’Leit, déi selwer op den ëffentleche Fläche laanscht hir privat Terrainen (Haiser, Geschäfter asw.) musse streeën an och kënne geriichtlech belaangt ginn, wann si deem net nokommen. Et ass allerdéngs onméiglech, sech am Viraus op esou eng Situatioun anzestellen, wat besonnesch fir Leit, déi gegeebenenfalls net do sinn, eng enorm Onsécherheet bedeit. Mee steet et de Gemengen iwwerhaapt zou, hir gesetzlech Responsabilitéit einfach iwwert e Reglement einfach ofzeginn?

Deel dëse Post: