Wie kritt nach déi zweet AstraZeneca-Dos?

D’EMA huet kierzlech den Zesummenhang bestätegt, tëscht dem AstraZeneca an den atypeschen Thrombosen, déi entstane sinn, nodeems de Leit dësen Impfstoff gesprëtzt gouf. Verschidde Länner hunn dorop reagéiert andeems si decidéiert hunn, déi mat enger éischter AstraZeneca-Dos geimpfte Persounen ënnert engem bestëmmten Alter mat engem vun den anere Preparater fir déi zweet Dos ze impfen.

Wéi geet Lëtzebuerg mat de rezenten Erkenntnesser ëm a wat heescht dat fir d’Leit, déi schonn eng Dos AstraZeneca kritt hunn? De Jeff Engelen wollt dat an enger dréngender parlamentarescher Fro un d’Gesondheetsministesch gewuer ginn.

Leider huet de Chamberpresident keng Drénglechkeet an dëser Fro gesinn.

 

Deel dëse Post: