Wie kritt nach AstraZeneca gesprëtzt?

D’Sécherheet vum Covid19-Impfstoff vun AstraZeneca ass ëmstridden. Den Impfstoff gouf Mëtt Mäerz vun ënnerschiddlechen europäesche Länner, gestoppt, nodeems Fäll vu Sinusthrombosen, also Bluttgerinnsel am Gehier, deelweis mat déidlechem Enn, ëffentlech goufen a sech geheeft hunn. Dovu betraff sinn haaptsächlech méi jonk Leit a Leit am mëttleren Alter, dorënner besonnesch d’Fraen.

D’EMA huet elo bestätegt, datt en Zesummenhang besteet, tëscht dem Impfstoff vun AstraZeneca an den atypeschen Thrombosen, déi entstane sinn, nodeems de Leit dësen Impfstoff gesprëtzt gouf.

De Jeff Engelen wëllt vun der Gesondheetsministesch wëssen, wat dat elo fir Lëtzebuerg heescht. Wéi geet d’Regierung mat dëse Kenntnesser ëm a bei wiem soll den Impfstoff nach agesat ginn?

 

Deel dëse Post: