Vill Leit kréien am Laf vun de Joren eng Kéier e Protokoll, well se falsch geparkt hunn. An deenen allermeeschte Fäll verstinn d’Leit firwat dat sou ass a bezuelen deen och rouege Gewëssens. Et kënnt allerdéngs och vir, datt een sech muss froen, ob een dee Protokoll zu Recht krut, zum Beispill wann d’Signalisatioun net kloer war. Fir a sou engem Fall Widdersproch anzeleeën, ass awer guer net sou einfach. Fir d’éischt muss een zu den Ëffnungszäiten, déi sech dacks mat den eegene Schaffzäiten iwwerschneiden, op den zoustännege Kommissariat. En Ëmstand dee besonnesch problematesch ass, wann de Protokoll an enger Gemeng ausgestallt gouf, déi wäit wech ass. Do kritt een dann e Formulaire mat, deen een duerno iwwer E-Mail zeréckschéckt. Firwat kann een dëse Formulaire net direkt iwwer MyGuichet bezéien?