Als Member vum “Wiener Übereinkommen über diplomatische Beziehungen” ass Lëtzebuerg verflicht, auslännesch Ambassadë virun all Zort vu physescher a psychologescher Attack ze schützen. An der Lescht koum et awer ëmmer rëm zu Iwwergrëff op d’Vertriedung vun der russescher Federatioun. Huet d’Regierung hir Schutzverflichtunge méiglecherweis net am néidege Mooss wouergeholl?