WHO stellt PCR-Tester a Fro, an elo?

D‘Weltgesondheetsorganisatioun huet, den 20. Januar an enger offizieller Kommunikatioun, hir Direktive fir d’Interpretatioun vun de PCR-Tester aktualiséiert. Des Direktiven si fir Dokteren, Klinicken a spezialiséiert medezinescht Personal geduecht, deemno fir alleguerten déi Leit déi PCR-Tester duerchféieren an auswäerten. An dësen neie Richtlinnen heescht et datt de sougenannte Schwellewäert, bei deem en Testresultat als positiv agestuuft gëtt, manuell unzepasse sinn. Resultater déi esou just am positive Beräich sinn, musse ganz virsiichteg interpretéiert ginn, esou d’WHO. Am Fall wou d’Testresultat net mam gesondheetlechen Zoustand vun der geadrer Persoun iwwereneestëmmt, muss e neien Test duerchgefouert ginn. (z.B. am Fall wou eng Persoun positiv geadr gëtt, ma gesond a monter ass, also keng Symptomer huet.)  

 

Deel dëse Post: