WHO: Pandemievertrag

Hei fannt Dir déi parlamentaresch Fro vun der honorabel Députéiert Alexandra Schoos.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°414, huet d’Madamm Gesondheetsminister sech op déi neiste Versioun vum „WHO pandemic agreement” bezunn. Déi Entwécklungen a Verbesserungen am Text kann ee begréissen. Et stelle sech awer och an der neier Versioun nach eng Rei Froen.

Dowéinst géing ech der Regierung gär follgend Froe stellen (Zitater aus dem WHO pandemic agreement A/INB/9/3 vum 13. Mäerz 2024 si kursiv geschriwwen):

  • Recognizing that the World Health Organization is fundamental to strengthening pandemic prevention, preparedness and response, as it is the directing and coordinating authority on international health work.”
  • Wéi interpretéiert d’Regierung dat Wuert „directing” an „authority”? Wat bedeit dat am Verhältnis zu der nationaler Souveränitéit? Wéi eng Konsequenzen huet déi Ausso am Fall vun enger Pandemie fir déi vereenzelt Länner?

 

  • Kapitel 2, Artikel 18, Punkt 1: „Each Party shall promote timely access to credible and evidence-based information on pandemics and their causes, effects and drivers, with the aim of countering and addressing misinformation or disinformation, particularly through risk communication and effective community-level engagement.”
  • Gesäit d’Regierung hei keng Gefor vun enger Zensur? Wéi a vu wiem sollen d’Wierder „misinformation” an „disinformation” definéiert ginn, zemools an engem Kontext, wou et ënnerschiddlech wëssenschaftlech Approchë ka ginn? Léiert eis d’Erfarung aus der leschter Pandemie net, eng Pluralitéit vu Meenungen zouzeloossen?

 

  • Kapitel 2, Artikel 18, Punkt 4: „The Parties shall exchange information and cooperate, in accordance with national law, in preventing misinformation and disinformation, and endeavour to develop best practices to increase the accuracy and reliability of crisis communications.”
  • Wéi soll dëse Punkt um Terrain ëmgesat ginn? Wat stellt sech d’Regierung heirënner vir, dëst och mat Bezuch op déi Fro Nr. 2 hei uewen driwwer? Wéi steet dat am Aklang mat dem Recht op Meenungsfräiheet, dat an der Verfassung verankert ass?

 

 

  • Kapitel 2, Artikel 20:
  • Punkt 4: The Mechanism shall include a pooled fund to provide financing to support, strengthen and expand capacities for pandemic prevention, preparedness and response, and as necessary for day zero surge response, in Cooperating Parties that require financial support. The fund may include sources from monetary contributions received as part of operations of the PABS System, voluntary funds from both States and non-State actors and other contributions to be agreed upon by the Conference of the Parties.”
  • Punkt 6b: establish, as necessary, following a mandate from the Conference of the Parties, working arrangements with relevant identified financing instruments and entities to facilitate their alignment with the Financial and Implementation Strategy.”
  • Domat besteet nach ëmmer de Risiko vum Afloss vu kommerziellen Entitéiten op d’Gesondheetspolitik. Wéi steet d’Regierung zu deene Punkten an deem Risiko? Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen, fir dëse Risiko ze minimiséieren?

 

  • Kapitel 3, Artikel 27, Punkt 2: „Notwithstanding paragraph 1 of this Article, no reservation may be made to Article XX, Article YY, or Article ZZ of the WHO Pandemic Agreement.”
  • Wéini gëtt festgeluecht, duerch wéi eng Artikelen den „XX”, „YY” an „ZZ” ersat ginn? Hunn déi verschidde Memberlänner Zäit, dëst nach eng Kéier ze negociéieren? Wéi ass den abléckleche Stand vun där Diskussioun?
  • Ass d’Regierung bereet, konform zum Artikel 27 Punkt 2, Virbehalter festzehalen, wéi z.B. den Artikel 18 – Punkt 1 a 4 net ze applizéieren, sou datt kee Risiko vun Zensur kéint entstoen?

 

Mat déiwem Respekt,

 

Deel dëse Post: