De Rekter vun der Uni Lëtzebuerg huet kierzlech eng ongewéinlech Ukënnegung gemaach. Den Tom Weidig huet dozou e puer onbequem Froen un d’Héichschoulministesch.
Fro:
An engem Interview mat Virgule.lu vum 31. Mäerz 2025 huet de Rekter vun der Uni Lëtzebuerg fir de Summer 2025 follgend Initiativ ugekënnegt:
«Pour les programmes où nous avons un important déficit de parité, nous allons ouvrir le recrutement de professeurs uniquement aux femmes pendant six mois, avec l’accord du gouvernement. Avec cette initiative, nous voulons envoyer un vrai signal.»
Dës Ukënnegung ass ëmsou méi verwonnerlech, wéi d’Lëtzebuerger Aarbechtsrecht an d’Lëtzebuerger Gläichstellungsgesetz all Form vun Diskriminéierung, an dat besonnesch bei Astellungen, verbitt a wéi kee Patron e bestëmmt Geschlecht favoriséieren däerf, et sief dann, dëst Geschlecht erfëllt eng wesentlech an entscheedend berufflech Ufuerderung (z.B. beim Besetze vun enger weiblecher Theaterroll).
D’Aussoe vum Rekter vun der Uni Lëtzebuerg hunn op der Uni zu Accusatiounen net nëmme vun expliziter Männerfeindlechkeet gefouert, mee och vun enger Ofwendung vum Leeschtungsprinzip, an deem Sënn, datt an Zukunft net méi de beschte Kandidat, wien och ëmmer dat ass, ob eng Fra oder e Mann, e bestëmmte Poste kritt.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Madamm Minister:
- De Rekter vun der Uni Lëtzebuerg berifft sech bei senger Ukënnegung ausdrécklech op den Accord vun der Regierung. Kann d’Madamm Minister preziséieren, datt d’Regierung der Uni Lëtzebuerg dësen Accord ginn huet? Wa jo, wéi ee Minister huet der Uni Lëtzebuerg dësen Accord ginn?
- Ass d’Madamm Minister net der Meenung, datt et sech bei der Initiativ “ouvrir le recrutement de professeurs uniquement aux femmes pendant six mois” ëm eng Form vun Diskriminéierung géintiwwer männleche Kandidaten handelt?
- Firwat gëtt hei nëmmen nom Geschlecht gekuckt an net no anere Krittären, wéi Behënnerung, Ethnie oder sozial schwaach Gesellschaftsschicht, also Leit, déi noweislech ënnerrepresentéiert si par rapport zu wäissen, privilegéierte Fraen ouni Behënnerung, déi sech bewerbe kënnen?
Äntwert:
1) De Rekter vun der Uni Lëtzebuerg berifft sech bei senger Ukënnegung ausdrécklech op den Accord vun der Regierung. Kann d’Madamm Minister preziséieren, datt d’Regierung der Uni Lëtzebuerg dësen Accord ginn huet? Wa jo, wéi ee Minister huet der Uni Lëtzebuerg dësen Accord ginn? No enger breeder Konsultatioun innerhalb vun der Universitéit Lëtzebuerg tëscht 2020 an 2024 gouf d’Initiativ der Madamm Minister fir Gläichstellung an Diversitéit presentéiert, déi hir Ënnerstëtzung am Aklang mam Artikel L. 243-1 vum Aarbechtsgesetzbuch zougeséchert huet (Punkt 6: Moossname fir de besseren Zougang vum ënnervertruedene Geschlecht zu Verantwortungsposten a Poste mat Entscheedungskompetenz ze ënnerstëtzen).
Am Respekt vum Artikel 15, Paragraf 3, vun der Lëtzebuerger Verfassung, dee festhält: „D’Fraen an d’Männer si gläich a Rechter a Flichten. De Staat suergt aktiv fir d’Eliminatioun vun Hindernisser, déi der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer entgéint stinn.”, an op Grondlag vum Artikel L. 242-3, Paragraf 3, vum Aarbechtsgesetzbuch, huet d’Madamm Minister fir Gläichstellung an Diversitéit den 18. Juli 2024 bestätegt, datt d’Universitéit berechtegt ass, weiblech Kandidaturen am Kader vum Exzellenzprogramm Anne Beffort prioritär ze behandelen.
2) D’Posten am Kader vum Exzellenzprogramm Anne Beffort ginn an Departementer opgemaach, an deenen d’Frae bei de Professeren däitlech ënnerrepresentéiert sinn:
– Informatiksdepartement: 0 % Fraen als Professeren;
– Mathematiksdepartement: 11 % Fraen als Professeren;
– Ingenieursdepartement: 19 % Fraen als Professeren.
Verdéngscht soll ëmmer mat Chancëgläichheet Hand an Hand goen. Laut dem Rapport vun der Europäescher Kommissioun iwwert d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer (SHE Figures) läit Lëtzebuerg op der leschter Plaz an engem Index, deen d’Fortschrëtter vun de Memberstaaten an der EU an der Gläichstellung am Europäesche Fuerschungsraum (ERA) moosst. Ausserdeem weist dee selwechte Rapport, datt Fraen op héijen akademesche Poste vum Rang A (z. B. Titulaire-Professeren) staark ënnerrepresentéiert sinn (SheFigures2024). Et ass bewisen, datt gemëschten Ekippe méi dacks bereet sinn, etabléiert Iddien a Fro ze stellen, Virurteeler ofzebauen an no Léisungen ze sichen, déi e soziale wéi och ekonomesche positiven Impakt hunn. D’Paritéit tëscht Männer a Fraen an den universitären Departementer dréit zousätzlech zur Qualitéit vum Enseignement bäi, andeems se verschidde Perspektiven afléisse léisst, a gläichzäiteg de StudentInnen inspiréierend Rollemodeller bitt, déi Ambitiounen an d’Chancëgläichheet fërderen.
3) D’Zougehéieregkeet zu anere Minoritéiten oder ënnervertruedene Gruppe gëtt och vun der Universitéit Lëtzebuerg berücksichtegt, wéi dat och bei all Rekrutéierungsprozess vun der Universitéit de Fall ass.