Weist d’Sproochewiel an der Schoul Tendenzen?

Eise Schoulsystem gëtt d’Méiglechkeet, fir, jee no Sektioun a Klass, verschidde Sproochen ze wielen oder vum Stonneplang ze sträichen. An dësem Kontext huet de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro un den Educatiounsminister gestallt. Den Deputéierte wollt ënnert anerem wëssen, ob dem Ministère konkret Zuelen zu den Entscheedunge virleien, ob een Tendenze feststelle kann a woumat déi Entscheedunge begrënnt ginn.

 

Deel dëse Post: