Säit iwwert engem Joer ass de Steeg fir bäi d’Kallektuffquell am Mëllerdall gespaart. D’ADR-Deputéiert Lexy Schoos hat schonn am Juni eäim Här Ëmweltminister Serge Wilmes intervenéiert, fir endlech Drock an déi Saach ze bréngen. Dësen huet sech awer ëm all kloer Ausso gedréckt, a gemengt, hie misst emol “d’Responsabilitéite klären”. Elo huet d’Naturverwaltung och nach kuerzfristeg d’Bréck gespaart an domat den Touriste quasi all Méiglechkeet geholl, fir dëst Naturschauspill ze bewonneren. Wéi elo weider? D’Lexy Schoos haakt fir Iech no:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ëmweltminister an den Här Tourismusminister weiderzeleeden.
Säit iwwert engem Joer ass den Holzsteeg bäi d’Kallektuffquell am Mëllerdall gespaart. An der Äntwert op meng mëndlech Fro Nummer 358 vum 16. Juni 2026 huet den Här Ëmweltminister déi laang Verzögerung vun de Renovatiounsaarbechte mat den “ongekläerte Responsabilitéiten” gerechtfäerdegt. D’selwecht huet hien sech och an den Äntwerten op déi parlamentaresch Froen Nummer 4062 a 4239 ausgedréckt.
No mengen Informatiounen hunn déi verantwortlech Gemenge schonn en eegestännege Projet fir d’Renovatioun virgeluecht, deen awer duerch déi dem Här Ëmweltminister ënnerstallten ANF refuséiert gouf, well si sech, amplaz vun de Gemengen, fir zoustänneg erkläert huet. Iwwerdeems ass elo souguer d’Holzbréck, déi direkt iwwert d’Kallektuffquell féiert (vgl. Foto), vun der ANF gespaart ginn, woumat den Touriste matte wärend der Saison quasi déi lescht Méiglechkeet geholl gouf, dëst Naturschauspill kucken ze goen.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
- Wéi begrënnt d’Regierung déi an dësem Fall aussergewéinlech Schwieregkeeten, fir d’Responsabilitéit vun enger Renovatioun ze klären? Wéi eng Prozedur ass normalerweis virgesinn, fir d’Responsabilitéit vun Ënnerhalts- a Renovatiounsaarbechten un touristescher Infrastruktur a Bëschgebitter festzestellen? Kann den Här Minister preziséieren, a wéiwäit de virleiende Fall sech dovunner ënnerscheet?
- Wéini huet sech d’Regierung fir d’lescht mat sämtleche betraffenen Acteuren op Gemengen- a Verwaltungsniveau un een Dësch gesat a wéi eng Conclusioune goufen dobäi festgehalen? Goufen déi entspriechend Decisiounen an engem schrëftleche Rapport festgehalen? Falls net, firwat net?
- Wéini ass déi nächst deementspriechend Entrevue geplangt?
- Kann d’Regierung confirméieren, datt déi zoustänneg Gemengen e vollstännegt Konzept fir d’Renovatioun virgeluecht hunn, dat duerno vun der ANF refuséiert gouf, well si sech fir zoustänneg erkläert huet? Falls jo, wéi begrënnt d’Regierung, datt säitdeem an dësem wichtegen Dossier näischt geschitt ass? Falls net, steet et den zoustännege Gemenge fräi, d’Aarbechte bäi eegener ziviller Haftung a bäi eegener Finanzéierung selbststänneg duerchzeféieren?
- Kann d‘Regierung eng Zäitschinn virleeë fir d’Etüden an d’Renovatioun vum Steeg, esou wéi vun der Bréck, déi iwwert d’Kallektuffquell féiert?