Weider Sëcherheetsaspekter vun der Migratiounskris

Wat den zentralen Thema vun der Politik momentan, d’Migratiounskris, ugeet, huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser haut zwou weider parlamentaresch Froen gestallt. Hie wëll Detailler gewuer ginn, wéi Lëtzebuerger Autoritéite mat Persounen ëmgeet, déi ouni Pobeieren oder mat falsche Pobeieren  op Lëtzebuerg kommen. An hie wëll och gewuer ginn, op an der Tëschenzäit d’Lëtzebuerger Sëcherheetsmoossnamen un déi verännert Situatioun no den Attentater vu Paräis ugepasst gi sinn.

Deel dëse Post: