D’EU wëll d’Aarbechtszäite fir d’Buschauffere weider verlängegen. D’Gewerkschafte fäerten, datt d’Sécherheet sou net méi garantéiert ka ginn. De Jeff Engelen verlaangt e Bekenntnes vun der Regierung an deem Dossier.
Déi parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten am Wuertlaut:
Här President,
Esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Verkéiersminister weiderzeleeden.
Am Artikel “Längere Lenkzeiten, kürzere Pausen”, deen de 15. Februar am Tageblatt publizéiert gouf, heescht et, datt d’EU-Kommissioun d’Reegelung vun de Rouzäite fir Buschaufferen iwwerschaffe wëll, wat notamment zu méi laange Schichten a méi kuerze Pause kéint féieren. D’Gewerkschafte weisen sech besuergt, datt d’Sécherheet vun de Passagéier opgrond vun enger Iwwerlaaschtung vun de Chaufferen net méi ka garantéiert ginn.
An deem Zesummenhang géif ech dem Här Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
1) Kann den Här Minister seng allgemeng Positioun zu där ugekënnegter Neireegelung elaboréieren a preziséieren, wéi hien de potenziellen Impakt op déi allgemeng Sécherheet souwuel vun de Passagéier wéi och dem Trafic am allgemenge beurteelt?
2) D’Käschte vum ëffentlechen Transport gëtt zu Lëtzebuerg vollstänneg duerch déi ëffentlech Hand gedroen. Kann den Här Minister de budgetären Impakt vun där genannter Neireegelung chiffréieren an an deem Zesummenhang garantéieren, datt de gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg nimools zulaaschte vun den Aarbechtskonditioune vum Personal finanzéiert gëtt?
Mat déiwem Respekt,
Jeff Engelen
Deputéierten