Wéi wichteg sinn der Regierung national Commémoratiounen?

Och wa bei verschiddene wichtege Commémoratiounen hei am Land kaum héig Staatsvertrieder do waren, bestätegt de Premier Xavier Bettel, datt déi Commémoratiounen der Regierung um Häerz leien. Hie behaapt, d’Regierung wisst, d’historesch Bedeitung vun den Evenementer ze würdegen. Dat a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser. Dem ADR-Deputéierte war opgefall, datt bei de Joresdeg vun der Befreiung vun der Stad Lëtzebuerg 1944 oder vum Retour vun der Groussherzogin Charlotte op Lëtzebuerg d’offiziell Tribüne net gudd besat war.

Deel dëse Post: