Wéi weider mam Datenzenter zu Biissen?

Duerch en Urteel vum Verwaltungsgeriicht vum 11. Mäerz verfüügt Google iwwert déi komplett Rechtssécherheet fir säin Datenzenter zu Biissen ze realiséieren. Trotzdeem schéngt de Projet net richteg virun ze kommen an et heescht, datt notamment d’Onsécherheet bei den Energiepräisser eng Roll spillt. D’Regierung déi sech d’Néierloossung vum amerikaneschen Internetgigant als grouss Errongenschaft op de Fändel geschriwwen huet, wëll dat Ganzt net kommentéieren. D’Lëtzebuerger Bierger waarden iwwerdeems weider op Äntwerten zu der wichteger Fro nom Waasserverbrauch, schliisslech ënnerläit dës Ressource hei am Land enger natierlecher Limitt.

Deel dëse Post: