Wéi volatil ass eis Energieversuergung?

Déi sougenannt Gréng Energië Photovoltaik an industriell Wandanlage weisen eng héich Volatilitéit op. Dat kann zu enger kuerzfristeger Ënner- oder Iwwerlaaschtung vum Stroumnetz féieren, awer och zu laangen Energieflauten, wann am Wanter iwwer länger Zäit weder de Wand bléist, nach d’Sonn schéngt. Gläichzäiteg wëll d’Regierung awer ëmmer méi Betriber, notamment aus dem digitale Beräich op Lëtzebuerg lackelen, déi op eng eben sou intensiv wéi zouverlässeg Stroumversuergung ugewise sinn. Wéi reagéieren déi zoustänneg Ministeren op sou offensichtlech Widderspréch?

Deel dëse Post: