Wéi vill staatlech Gebaier stinn eidel, déi als Wunnraum genotzt kéinte ginn?

Eidelstoend Staats- a Gemengenhaiser: De Jeff Engelen freet no!

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Finanzministesch an un d’Madamm Banneministesch weiderzeleeden.

De Lëtzebuerger Staat an déi eenzel Gemengen si Proprietär vun enger ganzer Rei vun Haiser am Land. Eng Rei vun deenen Haiser sinn de verschiddene Verwaltunge virbehalen, aner Gebaier ginn zu Wunnzwecker genotzt.

An dësem Kontext hätt ech folgend Froen un den Här Minister:

  1. Wéi vill Haiser sinn de Moment net verlount säitens de Gemengen a säitens dem Staat?
  2. Wat sinn déi eenzel Grënn, firwat dës Haiser net verlount sinn?

Mat déiwem Respekt, Jeff Engelen

Deel dëse Post: