Et ass bekannt, datt Lëtzebuerg e Problem mat onkontrolléierter, illegaler Immigratioun huet. Een Aspekt, deen dobäi manner bekannt ass, läit am Ëmgang mat der Staatelosegkeet. An enger Zäit, wou (quasi) all globale Quadratzentimeter Landfläch zu engem Staat gehéiert, e Phenomeen, deen eigentlech just an absolut kloer dokumentéierten an novollzéibaren Ausnamefäll dierft virkommen. Ma trotzdeem sëtzen notamment an eise Prisongen eng Rei där Leit, déi och no hirer Entloossung keng Konsequenze musse fäerten, wann si bäi der Feststellung vun hirer Identitéit an Nationalitéit net kooperéieren. Si kënne maache wat se wëllen. Gläichzäiteg ginn éierlech Bierger 40 Stonnen oder méi d’Woch schaffen, fir duerno bal d’Hallschent vun deem wat se erwirtschaften a Form vu Steieren a Cotisatiounen ofzeféieren. Wa se dann eng Kéier falsch parken, ginn se selbstverständlechg streng bestrooft. De Protokoll dierfen se da vollëmfänglech aus hirem versteierten Nettoakommes bezuelen a ginn an entspriechenden Datebanken, respektiv Statistiken erfaasst. Ma wann ee sech ëmgekéiert de Batti stellt, da leet d’Regierung d’Fanger an de Schouss well se eeben näischt “kënnen” (wëllen) maachen. Wéi presentéieren sech d’Zuelen zu där onméiglecher Hypokrisie (falls d’Regierung se dann huet)? Eng parlamentaresch Fro vum Dan Hardy:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister an d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.
An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nummer 1573 iwwer Leit déi sech trotz ongekläerter Identitéit an Nationalitéit zu Lëtzebuerg ophalen, huet d’Regierung ënner anerem dat hei geschriwwen: “Persounen, déi aus dem Centre de rétention entlooss ginn, ouni bei der Feststellung vun hirer Identitéit kooperéiert ze hunn, hu keng legal Identitéit fir hiren Alldag ze organiséieren a kënnen zum Beispill keen “Certificat de résidence” kréien. Si kënnen och keng Demarchë maachen, bei deenen ee gültegt Identitéitsdokument gefrot ass”. Theoretesch ass hautzedaags all Mënsch op der Welt, Bierger vun engem oder méi Staaten. International Ausname komme virun allem a vereenzelte Weltgéigende vir, wou staatlech Strukture relativ schlecht funktionéieren oder Minoritéiten den Accès zu der Staatsbiergerschaft bewosst verweigert gëtt (z.B. am Myanmar).
Et ass awer deementspriechend kaum dovun auszegoen, datt sech Leit mat ongekläerter Identitéit an Nationalitéit a grousser Zuel zu Lëtzebuerg ophale kënnen, ausser déi betraffe Persoune wëllen déi entspriechend Informatioune bewosst verstoppen.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
- Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi vill Leit mat ongekläerter Identitéit an/oder Nationalitéit vun 2015 bis 2025 inclus op Lëtzebuerg komm sinn, a wéi ville Fäll déi Identitéit/Nationalitéit konnt nodréiglech gekläert ginn a wéi vill Leit a sou enger Situatioun sech aktuell insgesamt zu Lëtzebuerg ophalen?
- Kann d’Regierung am Sënn vun der Fro virdrun eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi enge Staaten déi betreffend Persounen, wou d’Identitéit nodréiglech gekläert gouf, zougeuerdent goufen, ëm wéi vill Persounen (an absolutten Zuelen) et sech jeeweils gehandelt huet an a wéi ville Fäll si konnten an déi Staaten zeréckgefouert ginn?
- Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi vill staatelos Persounen zu Lëtzebuerg tëschent 2015 an 2025 strofrechtlech verurteelt goufen a wéinst wéi engen Delikter?
- Wéi héich ass den Undeel vu staatelose Persounen am Verglach zu der Gesamtzuel vun eisen Awunner? Wéi presentéieren déi Zuelen sech am Verglach zu eisen dräi Nopeschlänner?
- Hei fannt Dir d’Originaldokument vun där parlamentarescher Fro.
- Hei fannt Dir weider ADR-Initiativen an deem Dossier.