Wéi vill Lëtzebuerger Konschtwierker sinn a friemer Hand?

Den FBI huet e Bild erëmfonnt, dat 1945 wuel aus engem Iechternacher Haus mat an d’USA geholl gouf. Dat nennt een “Beutekunst”. D’Alexandra Schoos huet dozou e puer Froen un de Kulturminister.

Fro:

D’Thema „Beute- bzw. Raubkonscht“ ass bis haut e ganz kontroverst Thema. Wärend de Prinzip vun der Beutekonscht dora besteet, datt de Gewënner (vun engem Krich) sech dat mathëlt, wat e wëll (Beispiller ginn et vum Altertum iwwer den Napoleon bis hin zum 2. Weltkrich), souzesoen als „Souvenir“ oder aus pekuniäre Grënn, subsuméieren d’Historiker an d’Juristen ënner „Raubkonscht“  all déi Konschtwierker, déi opgrond vun der NS-Herrschaft onrechtméisseg a Besëtz geholl goufen.

E Beispill vun „Beutekonscht“ gouf rezent an de Lëtzebuerger Medien thematiséiert. Et geet ëm e Konschtwierk vum belsche Moler Jacob Jacobs aus dem 19. Joerhonnert, dat viru Kuerzem an den USA erëmfonnt gouf a bei deem den FBI dovun ausgeet, datt et wärend der Ardennenoffensiv vun (engem) amerikaneschen Zaldot(en) aus Lëtzebuerg (warscheinlech aus Iechternach) „matgeholl“ gouf. (Quell: RTL-Artikel „FBI sicht no Besëtzer vu Konschtwierk, dat wuel aus Iechternach geklaut gouf“, 8.4.2024).

Den Internationale Militärgeriichtshaff hat schonn 1945 d’Raubkonscht als „Verbrieche géint d’Mënschlechkeet“ verurteelt, wärend de Ronald Lauder, President vum Jüddesche Weltkongress, déi geklaute Konschtwierker als „déi lescht Krichsgefaangener vum 2. Weltkrich“ genannt huet. Et geet een dovun aus, datt schätzungsweis 600.000 Konschtwierker tëscht 1933 an 1945 vun den Däitschen a ganz Europa geklaut oder fir erzwongen „Spottpräisser“ a Besëtz geholl goufen. Experte schätzen, datt nach méi wéi 100.000 Wierker onrechtméisseg a friemen Hänn sinn. (Quell: „planet wissen“ online).

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Kulturminister:

  • Kann den Här Kulturminister matdeelen, ob de Lëtzebuerger Staat bereet wier, dat mentionéiert Bild vum Jacob Jacobs der amerikanescher Regierung ofzekafen, falls sech kee rechtméissege Besëtzer melle géif, an et engem Lëtzebuerger Musée (z.B. MNHA) oder enger Lëtzebuerger Galerie ze schenken?
  • Leien dem Kulturministère aktuell Estimatioune vir, wéi vill Lëtzebuerger Konschtwierker ganz allgemeng sech haut nach a friemer Hand befannen?
  • Ginn et aktuell Estimatiounen, wat d’Zuel vu Lëtzebuerger Konschtwierker ugeet, déi vun den Däitsche wärend bzw. zum Schluss vum 2. Weltkrich geklaut goufen? Wa jo, wéi vill vun dëse Konschtwierker hu jüddesche Matbierger aus Lëtzebuerg gehéiert?
  • Ginn et Beméiungen, fir bei der däitscher Bundesregierung ze intervenéieren, fir op d’mannst en Deel vun dëse geklaute Konschtwierker erëmzefannen an se den Ierwe vun den urspréngleche Besëtzer zeréckzeginn?
  • Ginn et Zuelen, déi beleeën, wéi vill geklaute Konschtwierker säit 1945 insgesamt zréck op Lëtzebuerg koumen?

(Bild Copyright: FBI)

Äntwert:

Aktuell leien dem Kulturministère keng ëmfaassend Chiffere vir wéi vill Konschtwierker wärend dem NS-Regime zu Lëtzebuerg geklaut goufen, sech a friemen Hänn befannen oder de Wee zeréck op Lëtzebuerg fonnt hunn.
Eng Zuel déi een awer an dësem Kontext nenne kann sinn déi iwwer 1.100 Dossiere vu jiddesche Matbierger a Matbiergerinnen aus dem Office de l’État des Dommages de Guerre, wou méi ewéi 80 Konschtwierker, praktesch nëmme Biller, vu jiddeschen Iwwerliewenden oder hiren Ayants-droits declaréiert gi sinn. Dës Konschtwierker op Basis vun den Deklaratiounen ze identifizéieren an erëmzefannen ass an der Reegel ganz schwéier vu dass d’Beschreiwungen net detailléiert genuch sinn.
Als Rappel ass och ze nennen dass Lëtzebuerg 1998 de Washington Principles on Nazi-Confiscated Art zougestëmmt huet déi den Ëmgang mat Raubkonscht zu Zäite vum Nationalsozialismus festleeën. Dës Prinzippie goufen Ufank 2024 duerch Best Practices ergänzt an och vu Lëtzebuerg ënnerstëtzt. Ënnert anerem gesinn dës Richtlinne vir dass Donnéeë sollen ëffentlech gemaach gi fir Recherchen ze vereinfachen.
Eenzel Kulturinstitutiounen hunn an deene leschte Joere scho Provenienzfuerschungen duerchgefouert. Dësweidere gesäit den Accord tëschen dem Staat an dem Consistoire Israélite de Luxembourg vum 27. Januar 2021 vir, dass weider Provenienzfuerschung an d’Weeër geleet gëtt. Esou gëtt zanter leschtem Joer e kollaborative Fuerschungsprojet zesumme mat der Uni Lëtzebuerg realiséiert am Nationalmusée, der Nationalbibliothéik an der Villa Vauban. D’Resultater vun dëser Recherche wäerte sech an deene nächste Joere konkretiséieren.
Am Fall vum genannte Konschtwierk vum Jacob Jacobs huet de Service de la Mémoire de la Deuxième Guerre mondiale vum Staatsministère der US-Ambassade zu Lëtzebuerg hir Hëllef ugebueden. Op Grond vun den ongekläerte Proprietéitsverhältnisser vum Wierk ginn et aktuell keng Iwwerleeunge vum Staat dëst Bild ze kafen.

 

Deel dëse Post: