Wéi vill Lëtzebuerger Auslandsstudente ginn et wierklech?

Viru Kuerzem ass dem Statec säin “Le Luxembourg en chiffres 2022” publizéiert ginn. An der Rubrik “Enseignement” stellt ee fest, datt d’Zuel vun de Studenten, déi am Ausland studéieren an eng finanziell Hëllef vum Staat kréien (“chiffres fournis par l’aide financière”) sech säit 1999/2000 bal versiwefacht huet, vu 4.401 op 28.397. Wéi vill vun dësen 28.397 Studenten, déi eng finanziell Hëllef vum Staat kréien, wunnen hei am Land?  Wier et net méi intressant d’Zuel vu Studenten, déi tatsächlech aus Lëtzebuerg kommen, unzeginn?

Deel dëse Post: