Wéi vill kascht eis den CO2-Ausgläich?

Lëtzebuerg erreecht seng Klimaziler reegelméisseg doduerch, datt am Ausland CO2-Zertifikater akaf ginn. Mat wéi engem Montant gëtt de Steierzueler hei belaascht? Eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser a vum Fred Keup:

Fro

Lëtzebuerg erreecht seng Klimaziler reegelméisseg doduerch, datt mir CO2-Zertifikater am Ausland akafen.

An deem Zesummenhang géife mir der Regierung gär dës Fro stellen:

  • Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi héich den Undeel un CO2-Emissioune war dee Lëtzebuerg säit 2015 all Joers am Ausland kompenséiert huet a wéi een entspriechende Montant duerfir jeeweils huet missen opbruecht ginn? Kann d’Regierung an deem Zesummenhang preziséieren, ënnert wéi engem Budgetsartikel déi eenzel Beträg gefloss sinn?

 

Dokument vun der Fro

Dokument vun der Äntwert

Deel dëse Post: