Wéi vill Chômeure si keng Lëtzebuerger?

Trotz deem dacks beklote Mangel u qualifizéiertem Personal sinn zu Lëtzebuerg aktuell 18.166 Leit als aarbechtslos gemellt. Dorënner si sécherlech eng Rei Leit, déi u sech vill geléiert hunn, mee deenen hiren entspriechende Secteur duerch dat ideologesch Gedirängels vun deene successive Regierungen, einfach huet misse Plazen ofbauen. Besonnesch bei Leit, déi net hei an d’Schoul gaange sinn, stellt sech allerdéngs d’Fro, ob si d’Ufuerderunge vun eisem Aarbechtsmaart, net zulescht d’Sproochekenntnisser, ënnerschätzt hunn. De Fred Keup wëll vun der Regierung de soziale Profil vun deene Leit gewuer ginn.

Deel dëse Post: