D’Regierung bleift dobäi: d’Konventioun mat der LGNM ass gekënnegt!

De Kulturministère huet  d’Konventioun tëschent dem Lëtzebuerger Staat an der Lëtzebuerger Gesellschaft fir nei Musek (LGNM) gekënnegt. Dobäi sinn och d’Bureauen déi d’Gesellschaft benotze konnt gekënnegt ginn. Op eng Rei Froe vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser reagéiert den neie Kulturminister – en ass och Premier Minister – ganz negativ a gehäit der LGNM e Mangel un Aktivitéit vir. D’Konventioun ass dowéinst op enge aner Associatioun iwwerdroe ginn.

D’Gesellschaft, déi zanter 1983 besteet, huet grouss Meritte wat d’zäitgenëssesch Musek zu Lëtzebuerg betrëfft, wéi d’Publikatioun vun der „Anthologie de la musique luxembourgeoise“, d’Organisatioun vun engen internationale Concours fir Komponisten an eng ganz Rei vu Ur-Opféierungen. Dobäi gouf ëmmer e besonnesche Wäert op Komponiste geluecht, déi Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg wunnen.

De Fernand Kartheiser huet dem neie Kulturminister duerzou eng Rei Froe gestallt, och déi op de de Minister eventuell d’Decisioun vun der Kënnegung kippt.

Deel dëse Post: