Wéi sinn déi tatsächlech hygieenesch Konditiounen an de Flüchtlingsstrukturen?

Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.

 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Familljeminister weiderzeleeden.

A senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nr. 3692 huet sech den Här Familljeminister zu engem Hygiène-Kontrollsystem an de Flüchtlingsstrukturen zu Lëtzebuerg geäussert, dat awer ouni spezifesch Detailer iwwert déi identifizéiert Problemer ze ginn.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:

  1. Wéi eng spezifesch Onreegelméissegkeeten, Mängel oder Verstéiss goufe bei den Inspektioune vun esou Strukturen zu Lëtzebuerg festgestallt?
  2. Firwat huet de Ministère keng präzis Informatiounen zu de Problemer ginn, déi an de Strukture festgestallt goufen?
  3. Ginn déi betreffend Informatiounen eventuell zu engem spéideren Zäitpunkt publizéiert?

Mat déiwem Respekt,

Deel dëse Post: