Wéi reagéieren op d’Gewalt géint CFL-Personal?

Vu Kapprësele bis Roserei gi wuel d’Raaktiounen uechtert Land iwwert déi blann Gewalt lescht Woch géint Leit vun der CFL, déi just hir Aarbecht gemaach hunn an déi vun enger Grupp Jugendlecher attackéiert goufen. Grad esou idiotesch war et, eng Eiseplack op d’Schinnen ze geheien, déi vill méi Schued wéi just eng Noutbremsung vun engem Zuch hätt kéinten uriichten. An deem Dossier huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro gestallt, fir méi iwwert d’Suiten an de Verlaf vun der Enquête gewuer ze ginn. Mee och den Thema vun der Gewalt géint d’Personal an aner Tëschefäll an den CFL-Zich gëtt ugeschwat.

Deel dëse Post: