Wéi ofhängeg si mir wierklech vun der Volleksrepublik China?

D’Volleksrepublik China befënnt sech um beschte Wee fir nieft de Vereenegte Staaten als zweet Supermuecht opzesteigen. Mat dëser politescher Muecht hëlt natierlech och den Afloss an anere Länner zou, sou och zu Lëtzebuerg. Un sech en natierleche politesche Virgang, mee grad als klengt Land di mir gutt drun, rechtzäiteg eis Roll am Zesummespill vun deene grousse Mächten ze fannen. Fir d’ADR heescht dat och kloer, datt mir d’Souveränitéit iwwer eng Rei Schlësselberäicher an der Infrastruktur an a sensibele Wirtschaftsberäicher musse behalen. Wéi beurteelt d’Regierung hei den aktuelle Stand vun der Sachlag?

Deel dëse Post: