Wéi kréie mir nees eng gutt Schoul?

Schoul_1

D’Suergekand Lëtzebuerger Schoul war de 7. Dezember an der Chamber drun, an zwar bei de mëndleche Froen (wou de Minister muss spontan Ried an Äntwert stoen). Op dem Fernand Kartheiser seng dräi präzis Froen zum Pisa-Rapport huet de Minister zwar Ried gestan, awer keng Äntwert ginn. Hien huet sech léiwer op d’Froen konzentréiert, déi en aner Deputéierten am nämmlechten Zesummenhank gestallt huet. Fir datt mer all léieren, wéi een net äntwert, fannt Dir am Video nom ADR-Deputéierte senge kloere Froen alles, wat de Minister gesot huet, fir net mussen ze äntweren.

Deel dëse Post: