Wéi kommunizéiert d’Police?

Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet den 17. November 2015 an der Chamber eng mëndlech Fro gestallt iwwer d’Kommunikatiounsaarbecht vun der Police. Bei engem Brand zu Mënjecker, sou stoung an der Press ze liesen, wär d’Aarbecht vun de Journaliste vun der Poliss behënnert ginn, an de Buergermeeschter, als éischten zoustänneg fir d’Sëcherheet a senger Gemeng, wär net op d’Platz gelooss ginn. Dozou huet den ADR-Deputéierte fënnef sachlech Froe gestallt fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen. D’Staatssekretärin Francine Closener, am Numm vum Minister fir bannescht Sécherheet, huet gesot, dat de Brand am Haus vun enger moslemescher Famill wahrscheinlech Brandstëftung wär and datt tatsächlech eng Svastika (Hakekräiz) op d’Dir vum Haus geschmiert gi war. Weder d’Regierung, nach hire Ministär nach d’Policedirektioun hätten awer ugeuerdnet, datt bei Verbrieche mat eventuellem friemefeindlechen Hannergrond anescht sollt kommunizéiert gi wéi normal. E Rapport an dëser Saach wär verlaangt ginn, mä et wär normal, datt d’Police e Perimeter géing festleeën, an dem sech während den Ermëttlunge keen dierft ophalen.

Deel dëse Post: