Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Medien a Connectivitéit weiderzeleeden.
Laut der neitster STATEC-Etüd iwwert de Gebrauch vu soziale Medien am Joer 2025 gëtt drop higewisen, datt ëmmer méi Leit déi sozial Medie just consomméieren, ouni selwer aktiv ze sinn. Dat passiivt Benotze geet deemno däitlech erop (57% am Verglach zu 45%), wärend dat aktiivt Benotze liicht erofgeet (40% am Verglach zu 43%). D’Benotzungsmuster variéiere staark no Alter, besonnesch wat d’Plattformen ugeet, déi am meeschte benotzt ginn.
An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:
- Huet d’Madamm Minister eng detailléiert Analys vun der Entwécklung vum passive Gebrauch vu sozialen Netzwierker gemaach mat deenen domat verbonnene Risiken (Desinformatioun, Manipulatioun, Sucht) fir verschidden Altersgruppen, dorënner och eeler Leit?
- Verfüügt d’Madamm Minister iwwer konkret Donnéeë betreffend de Gebrauch vu soziale Medien, gestaffelt no Altersgruppen, bannent deene leschten zéng Joer?
Mat déiwem Respekt,