Wéi héich leien d’Impfschied tatsächlech?

Iwwert e Joer goufen d’Lëtzebuerger Bierger mat ëmmer méi Restriktioune gedirängelt, fir sech als onbezuelt Testpersounen fir d’Impfstoffer géint de COVID-19 hierzeginn, bis d’Regierung am Mäerz endlech huet missen agesinn, datt d’ADR an eng Rei aner Kämpfer fir eis Grondrechter, vun Ufank un de richtege Wee virginn hunn. Méint duerno liest een dann op eemol um COVID-Zitt vun der Regierung, datt d’Impfung zu schwéieren Niewewierkungen a souguer dem Doud féiere kann. De Jeff Engelen verlaangt vun der Madamm Minister déi aktuell Zuelen.

Fro

Um COVID-Zitt vun der Regierung ass zu den Niewewierkunge vun deene verschiddenen Impfstoffer ënner anerem dat hei ze liesen: D’Niewewierkunge kënnen entweeder “manner uerg” sinn (liicht bis mëttel Intensitéit) an no e puer Deeg verschwannen, oder “uerg” (well se zu enger Hospitalisatioun oder enger Verlängerung vun der Hospitalisatioun féieren, liewensbedrolech sinn, zum Doud féieren, zu enger laangfristeger oder schwéierer Invaliditéit oder Behënnerung, oder enger Anomalie oder kongenitaler Feelbildung féieren).

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Gesondheetsminister gär dës Fro stellen:

  • Kann d’Madamm Minister eng aktuell Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi vill Lëtzebuerger Bierger säit dem 1. Januar 2021 eng “manner uerg” Niewewierkung, wéi vill eng “uerg” Niewewierkung erlidden hunn a wéi vill der un der Impfung gestuerwe sinn? Kann d’Madamm Minister an deem Zesummenhang preziséieren, wéi vill Patienten, deenen hir Niewewierkungen als uerg agestuuft goufen, hu missen hospitaliséiert ginn, wéi vill der bleiwend gesondheetlech Schied dovu gedroen hunn, wéi vill der kierperlech handicapéiert bleiwen a wéi vill vun hinnen als invalid agestuuft ginn?

Dokument vun der Fro

Dokument vun der Äntwert

Deel dëse Post: