Wéi héich ass spéider meng Pensioun?

Et gi vill Leit hei zu Lëtzebuerg, déi hir Zukunft iwwer d’Pensiounsgrenz eraus plange wëllen, dobäi awer ausgebremst ginn duerch d’Tatsaach, datt si net genee wëssen, heiansdo mol net ongeféier, wéi héich hir Pensioun spéider ausfale wäert. Sou Donnéeën sinn awer wichteg, zum Beispill wann een e Kredit op enger Bank wëll ufroen. Rechent d’Caisse Nationale d’Assurance Pension esou Pensiounsprevisiounen op Wonsch aus?

Deel dëse Post: