Wéi gesäit et mat de Qualitéitskontrolle beim “soins à domicile” aus?

Ee vun de wichtegste Piliere vun der Fleegeversécherung sinn d’„soins à domicile”. Ëmmer méi Persoune benotzen dëse Service, wat natierlech entspriechend Käschte mat sech bréngt. Am Intressi vun de concernéierte Leit an der Qualitéit vum Service, awer och am Sënn vun enger responsabeler Finanzgestioun, ass et wichteg, datt genuch Kontrollen an deem Domän gemaach ginn.

An deem Kader hunn de Fernand Kartheiser an de Jeff Engelen eng parlamentaresch Fro gestallt.

Deel dëse Post: