Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Familljeminister weiderzeleeden.
Am Kontext vun der Organisatioun vun der Fleegeaarbecht an Alters- a Fleegeariichtunge gëtt dacks op d’Noutwennegkeet vun enger strukturéierter Zäitplanung higewisen, fir eng kontinuéierlech a koordinéiert Betreiung vun de Bewunner ze garantéieren.
Gläichzäiteg stellt sech d’Fro, wéi individuell a spontan Bedierfnesser vun de Bewunner – notamment am Beräich vun der Grondfleeg – an esou engem organisatoresche Kader berécksiichtegt ginn.
Verschidde Réckmeldungen deiten drop hin, datt ënner bestëmmte Konditiounen, besonnesch bei Zäitdrock oder Personalmanktem, d’Betreiung deelweis staark standardiséiert ka sinn. Dëst kéint dozou féieren, datt individuell Besoinen net ëmmer direkt berécksiichtegt kënne ginn, wat Auswierkungen op d’Würd, d’Hygiène an d’Wuelbefanne vun de betraffene Persoune kann hunn.
An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:
- Wéi ginn d’Leeschtungen an der Grondfleeg (z. B. Hëllef beim Toilettegang) am Kader vun der Fleegeversécherung bewäert an organiséiert?
- A wéiwäit baséiert dës Bewäertung op standardiséierten Zäitwäerter, a wéi vill Flexibilitéit besteet fir d’Fleegepersonal am Alldag?
- Wéi gëtt séchergestallt, datt spontan Bedierfnesser vun de Bewunner zu all Moment kënne berécksiichtegt ginn?
- Ginn et Richtlinnen oder Recommandatiounen, déi garantéieren, datt d’Würd, d’Privatsphär an d’Wuelbefanne vun de Bewunner an esou Situatioune respektéiert ginn?
- Ginn et Donnéeën oder Etüden iwwer Reaktiounszäiten (z. B. Schell drécken) an Alters- a Fleegeariichtungen?
- Wéi gëtt verhënnert, datt eng staark Standardiséierung vun de Fleegeprozesser dozou féiert, datt individuell Besoinen net optimal berécksiichtegt ginn?
- Wéi eng Kontroll- oder Qualitéitsmechanismen existéieren, déi sech spezifesch op d’Grondfleeg an den Alldag vun de Bewunner bezéien?
- Wéi eng Moossname si virgesinn, fir d’Fleegepersonal dobäi z’ënnerstëtzen, och ënner Zäitdrock eng qualitativ héichwäerteg an individuell adaptéiert Betreiung ze garantéieren?
Mat déiwem Respekt,