D’Schlass Buschland zu Réimech ass vu groussem kulturhistoreschem Wäert. Aktuell steet et awer eidel. D’Alexandra Schoos wëll wëssen, wéi et mat deem ongewéinleche Schlass weidergeet.
Fro:
Laut engem Artikel am Tageblatt („CHÂTEAU ARABIA − Im verborgenen Schloss in Remich residierte zuletzt ein Scheich – jetzt zerfällt es“) befënnt sech dat sougenannt “Schlass Buschland”, och als „Château Arabia“ bekannt, tëscht Réimech a Stadbriedemes geleeën, an engem desolaten Zoustand. D’Gebai, dat 1889 gebaut gouf an architektonesch Elementer vun der Neogotik an der Neorenaissance vereent, weist e gewësse kulturhistoreschen an architektonesche Wäert op.
Dem Artikel no ass d’Schlass säit Joren Zilscheif vu Vandalismus: Fënster ginn ageschloen, bannendra si vill Deeler vun der Ausstattung zerstéiert ginn. Den Artikel weist och drop hin, dass d’Gebai a Privatbesëtz ass a bis elo net ënner Denkmalschutz steet. Vertrieder vun der Gemeng Réimech hätten den Här Kulturminister schonns gefrot, ob de Staat d’Gebai kafen a renovéiere kéint, fir et ze erhalen. Am Artikel heescht et dozou: “Eine Antwort? Bisher offensichtlich nicht.“
Virun dësem Hannergrond wéilt ech dem Här Kulturminister gär follgend Froe stellen:
- Ass dem Kulturministère den aktuellen Zoustand vum Schlass Buschland zu Réimech bekannt?
- Gouf d’Gebai schonns duerch déi zoustänneg staatlech Instanzen, besonnesch den “Institut national pour le patrimoine architectural” (INPA), am Hibléck op säi kulturhistoreschen oder architektonesche Wäert evaluéiert?
- Aus wéi enge Grënn steet d’Schlass aktuell net ënner Denkmalschutz bzw. aus wéi enge Grënn gouf et bis elo net an den nationalen Inventaire vum architektoneschen Ierwen opgeholl?
- Préift de Kulturministère aktuell en eventuellt Ënner-Denkmalschutz-Stelle vum Gebai oder aner Moossnamen zum Schutz vun dësem Schlass?
- Wéi eng rechtlech a finanziell Méiglechkeete besti fir de Staat, fir a Fäll wéi dësem dréngend Sécherungs- oder Astandhalungsmoossnamen anzeleeden, och dann, wa sech d’Gebai a Privatbesëtz befënnt?
- Goufe säitens dem Ministère Gespréicher mat der Gemeng Réimech oder aneren Acteure gefouert, fir eng Léisung fir d’Zukunft vun dësem Gebai ze fannen?
Äntwert:
1.
Jo, dem Kulturministère ass den aktuellen Zoustand vum Gebai bekannt.
2.
D’Gebai gouf vum INPA als schützenswäert identifizéiert, dat am Kader vum Inventaire, esou wéi d‘Denkmalschutzgesetz vum 25. Februar 2022 e virgesäit, deen aktuell an der Gemeng Réimech ausgeschafft gëtt.
3.
Den uewegenannten Inventaire ass amgaang ausgeschafft ze ginn. Dësen Exercice, deen an all Gemeng vum Land gemaach gëtt, wäert et an Zukunft erméigleche Gebaier, wéi d’Schlass Buschland, adequat a preventiv ze schützen.
4.
Wéinst dem schlechten Zoustand vum Gebai, gouf eng Schutzprozedur virgezunn, nach virum Ofschloss vum uewegenannten Inventaire.
5.
Am Kader vum Denkmalschutzgesetz ass de Proprietär verflicht, e klasséiert Gebai z’erhalen. Heifir kann de Staat Subventiounen accordéieren déi, jee no Schutzstatus bis zu 50 % oder méi vun de Käschten decken. Am Fall wou e senger Flicht net géif nokommen, kann de Minister e klasséiert Gebai besichtege loossen, fir de Besoin u Conservatiounsaarbechten z‘evaluéieren, an de Proprietär dozou verflichten, déi néideg Aarbechten duerchzeféieren. Wann de Proprietär net kooperéiert, kann de Staat, mat Autorisatioun vum Geriicht, selwer intervenéieren an d’Aarbechten ausféiere loossen, op d’Käschte vum Proprietär.
6.
Nee, et goufen aktuell nach keng Gespréicher an dësem Kontext gefouert.
Foto Copyright: https://www.industrie.lu/Remich.html