Wéi geet et Lëtzebuerg wierklech?

Wien wéi d’Regierung mengt, Lëtzebuerg a senge Bierger géif et formidabel goen, huet et offensichtlech verpasst, mat de Léit dobaussen ze schwätzen. Den ADR-Deputéierte Roy Reding werft a senger Interventioun vum 26. Abrëll zur Lag vun der Natioun e schounungslos realistesche Bléck op eist Land an eist Zesummeliewen. Sozial Kohäsioun bedeit nämlech, datt een all Gesellschafts- a Beruffsschichten ouni Ausnam fair a respektvoll behandelt: Dozou gehéieren och eis Baueren a Wënzer, déi vill Selbststänneg, Hotelieren, Wierten a Geschäftsleit. De Roy Reding ass sech sécher: Hinnen ass de néidege Respekt fir hire souwisou schonns net ëmmer einfache Beruffsstand verweigert ginn. Et brauch een sech just emol unzekucken, wéi Gambia mat de Baueren ëmgaangen ass (Extrait 2’06”).

D’Regierung bretzt sech mat Projete wéi “Nation Branding” an “Digital Luxembourg”, zugläich schaaft déi selwecht Regierung awer e Klima, wat innovativ wirtschaftlech Acteuren aus eisem Land – a keng aner Wuertwiel ass hei méiglech ! – erauseekelt: Iwwerdriwwene Bürokratismus, eng allzeideologesch an onflexibel Approche, onsënneg Virschrëften: Eng Reklamm fir eist Land, wéi se méi negativ guer net kéint sinn. De Roy Reding huet et net verpasst, mat de Betraffenen um Terrain ze schwätzen a weess dohier: Lëtzebuerg ass keng “Start-Up-Nation” mee eng “Fed-Up-Nation”! (Extait 0’54”) D’ADR steet  fir manner Bürokratie a méi Respekt fir déi betraffe Leit.

Deel dëse Post: