Wéi geet d’Regierung mat E-Mailen ëm?

Nodeems de Bausseminister Jean Asselborn offizielle Courrier vun der Regierung (vun engem Konto vum Bausseministär a vun engem aneren vum Staatsministär) op sengem private Facebook verëffentlecht huet, wollt de Fernand Kartheiser Präzisiounen iwwer d’Regierungsprozeduren bei E-Mail. Him geet et dobäi net ëm den Inhalt vun deene Courrieren, déi de Bausseminister publik gemaach huet. Et geet drëm gewuer ze ginn, wéi vertraulech E-Mail-Korrespondenz bei der Regierung behandelt gëtt, wéi eescht dat wichtegtst Kommunikatiounsmëttel am heidege Geschäftsliewen vun der Regierung geholl gëtt a wat fir eng Sécherheet de Bierger huet, datt seng E-Korrespondenz vertraulech ass an d’Postgeheimnis op mannst garantéiert, wann hien de Wee vum digitale Courrier wielt.

Deel dëse Post: