Wéi eng Zukunft fir d’Aide-Soignanten?

De Beruffsverband vun den Aide-Soignanten mécht sech Suergen ëm d’Zukunft vun dësem wichtege Beruff. De Fred Keup an de Jeff Engelen froen den Ausbildungsminister an d’Gesondheetsministesch:

Fro:

D’Aide-Soignanten hu wärend der Pandemie wäertvoll Déngschter fir eist Land a seng Bierger geleescht. Si sinn e wichtege Bestanddeel vun eisem Gesondheetswiesen. Wann een awer um Internetsite vun MEN nokuckt, fir Informatiounen iwwer déi ugestriefte Reorganisatioun vun den Ausbildunge fir Gesondheetsberuffer gewuer ze ginn, stellt ee fest, datt de Beruff vum Aide-Soignant do quasi inexistent ass. Dobäi kënnt, datt, wéi een an engem Artikel am tageblatt vum 28.11.2022 („Wat geschitt mam Beruff vum Aide-Soignant?“) noliese kann, datt an de Klinicke lo scho bal keng Aide-Soignante méi agestallt ginn, well d’Infirmièren d’Responsabilitéit fir déi medezinesch Handgrëffer vun den Aide-Soignanten iwwerhuele mussen. Et schéngt den Aide-Soignante keng Eegeverantwortung méi zougetraut ginn.

An deem Kontext hu mir folgend Froen un d’Regierung:

  1. Wéi eng Mesuren ergräift d‘Regierung, fir de Beruff vum Aide-Soignant besonnesch bei de Jonken ze promouvéieren?
  2. Kann d’Regierung confirméieren, datt bei der Reorganisatioun vun den Ausbildunge fir Gesondheetsberuffer och de Beruff vum Aide-Soignant mat consideréiert gëtt? Wann net, wie soll d’Aarbecht vun den Aide-Soignanten um Terrain iwwerhuelen?

Äntwert:

Ad 1)
De Gesondheetsministère huet am September 2022 eng grouss Campagne “Healthcareers.lu“ lancéiert. An dëser Campagne ginn déi reglementéiert Gesondheetsberuffer valoriséiert a promouvéiert. An enger éischter Phas ginn d’Gesondheetsberuffer vum Aide-soignant, niewent dem Infirmier, der Hiewamm, dem Infirmier an Anesthésie a Réanimatioun, dem Infirmier en pédiatrie an dem Assistant technique médical de radiologie virgestallt.
Den Aide-soignant schafft am Binôme mat dem Infirmier an de verschiddene Secteure vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem; dëst gëtt och deementspriechend op dem Site “Healthcareers.lu“ presentéiert.
An der Rubrik „témoignages“ ginn zwee Videoe presentéiert, wou den Beruff vum Aide-soignant am Spidoolssecteur an am Secteur “aides et de soins à domicile“ valoriséiert a promouvéiert gëtt:
Den Aide-soignant ënnerstëtzt krank an net krank Persounen an der Realisatioun vun alldeegleche Grondbedierfnesser wéi der Alimentatioun, der Hygiène, der Mobilitéit, fir nëmmen dës opzezielen. Den Aide-soignant ferdert och d’Autonomie vun de Persounen. Doduerch huet den Aide-soignant eng privilegéiert Relatioun mat de kranken an net kranke Persounen: Duerch seng Observatioun a Kommunikatioun kritt den Aide-soignant wichteg Informatiounen iwwer déi physesch a psychesch Gesondheet vun den eenzelne Persoune mat. Dës Informatioune sinn essentiell an enger Prise en charge, déi zu méi Qualitéit a Sécherheet vun der Persoun féiert.
Ad 2)
De Beruff vum Aide-soignant soll och no der Reorganisatioun vun der Formatioun vun de Gesondheetsberuffer an senger aktueller Form weider bestoen. Den aktuelle Projet gesäit keng Changementer um Niveau vum Inhalt vun der besteeënder Formatioun vir.

 

 

Deel dëse Post: