Wéi eng Konsequenzen huet d’Situatioun zu Senegal op d’Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg

D’Sécherheetssituatioun am Senegal gëtt ëmmer méi onstabil a rezent koum et zu gewalttätege Protester am ganze Land. Hannergrond dovun ass en ëmstriddent Geriichtsurteel géint de bekannte senegaleseschen Oppositiounspolitiker Ousmane Sonko. Déi senegalesesch politesch Oppositioun geheit dem Präsident Macky Sall vir, ëmmer méi autoritär ze agéieren an Oppositioneller wëlle monddout ze maachen, respektiv, dorun ze hënneren, politesch Verantwortung ze iwwerhuelen. Deemno géif de Macky Sall eng drëtt Amtszäit ustriewen, wat am Senegal iwwerdeems net kompatibel mat der Verfassung wier, déi maximal zwou Amtszäite vun engem President virgesäit.

Brisant ass an deem Kontext, datt Lëtzebuerg de Senegal scho jorelaang am Beräich vun der wirtschaftlecher Entwécklung ënnerstëtzt. Am Februar dëst Joer gouf den Ierfgroussherzog am Kader vun enger Visitt am Senegal vum President Macky Sall esou guer mat der héchster senegalesescher Auszeechnung (Ordre national du Lion du Sénégal) dekoréiert.

An deem Kader hunn de Fred Keup an de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro gestallt.

Deel dëse Post: