Wéi eng COVID-Zuele fir wéi eng Repressioun an der HORECA?

Et gehéiert mëttlerweil zu den trauregen Allgemengwourechten, datt d’Lëtzebuerger Regierung hir Parametere bei der Gestioun vun der COVID-Situatioun méi séier wiesselt, wéi aner Leit d’Ënnerwäsch. Keen anere Secteur gouf vun dësem Duerchernee sou haart an dacks getraff, wéi d’HORECA an d’Nuetsclibb. Firwat d’Leit sech ausgerechent hei sollen iwwerproportional ugestach hunn, weess wuel alt nees just d’Regierung. Op jiddefalls verfüügt si iwwert den u sech scho problematesche Contact-Tracing iwwer d’Méiglechkeet, Ustiechungen zeréckzeverfollegen. Wéi eng konkret Zuele sinn also fir d’HORECA an d’Nuetsclibb festgestallt ginn a wéi rechtfäerdegen se déi ongezielte Richtungswiessel, déi bis ewell op keng Kouhaut ginn?

Deel dëse Post: