Wéi eng Conclusiounen zitt d’Regierung aus dem Héichwaasser vun 2021?

Déi nei Ëmweltminister soll viru kuerzem mat engem Team vun hire Fonctionnairen eng Tour duerch d’Land ënnerholl hunn, fir weider Erfarungen aus der Héichwaasserkatastroph 2021 ze sammelen an sech op der Plaz mat deene betraffene Bierger ze beroden. Ginn d’Virschléi vun de Leit schrëftlech berécksiichtegt a wéi eng Gesamtconclusioune gi gezunn? Eng parlamentaresch Fro vum Fred Keup.

Fro

D’Madamm Ëmweltminister huet rezent zesumme mat enger Ekipp vun hire Fonctionnairen eng Rei Visitte queesch duerch d’Lëtzebuerger Land ënnerholl, fir sech am Gespréich mat de betraffene Leit op der Plaz e Bild vun den Héichwaasserschied vum Summer 2021 ze maachen a fir potenziell weider preventiv Moossnamen ze evaluéieren.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Ëmweltminister gär dës Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Minister matdeelen, ob d’Resultater vun dëser Tour an engem schrëftleche Rapport festgehale ginn, wéi wäit déi geäussert Doléancen a Virschléi vun de Bierger hei mat afléissen an ob si virgesäit, der Chamber eng Kopie vun dësem Rapport zoukommen ze loossen?
  • Sou wéi et mir zougedroe gouf, huet d’Madamm Minister wärend där genannter Tour och d’Méiglechkeet ugeschwat, fir op der Héicht vu Bettenduerf e Réckhaltebecke fir d’Sauer ze schafen. Kann d’Madamm Minister déi Informatioun bestätegen a falls jo, matdeelen, a wéi engem Stadium dëse Projet aktuell drun ass?

Dokument vun der Fro

Deel dëse Post: