Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Familljeminister weiderzeleeden.
Laut engem rezenten Artikel am “Quotidien” vum 12. Mee 2026 (“Crise énergétique : les offices sociaux s’attendent à l’impact dans les mois à venir” ) erwaarden sech d’Sozialbüroen am ganze Land eng bedeitend Erhéijung vun den Ufroen op eng finanziell Hëllef wéinst der staarker Hausse vun den Energiepräisser. Déi Verantwortlech weisen drop hin, datt vill Stéit am Land den Impakt vun den héije Präisser eréischt mat den nächste Rechnunge vun den Energieversuerger ze spiere kréien.
Am dem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:
- Verfüügt d’Regierung iwwer konkret Schätzunge betreffend déi erwaarten Erhéijung vun den Ufroen un d’Sozialbüroen am Zesummenhang mat der Bezuelung vun Energierechnungen?
- Wéi eng spezifesch Moossname plangt d’Regierung, fir ze verhënneren, datt Dausende vu Stéit trotz bestoenden Hëllefsprogrammer a finanziell Schwieregkeete geroden?
- Ginn aktuell Hëllefen, wéi d’Allocation de vie chère oder d’Energieprimm, ugepasst, erhéicht oder erweidert? Wa jo, no wéi engem Zäitplang?
- Kann d’Regierung garantéieren, datt d’Sozialbüroen iwwert dat néidegt Personal an déi néideg finanziell Ressourcë verfügen, fir mat enger potenziell staarker Erhéijung vun den Ufroen eens ze ginn?
- Huet d’Regierung wëlles, déi national Energiepolitik, besonnesch d’Präismechanismen, nei z’iwwerdenken, fir Stéit mat nidderegem Akommes nohalteg virun internationale Präisschwankungen ze schützen?
Mat déiwem Respekt,