Wéi ëmgoe mam Krich an der Ukrain?

Am Kader vum Joresdag vum Krich an der Ukrain, huet RTL de politesche Parteien e puer Froe gestallt. Liest hei der ADR hir Äntwerten:

  • Wéi kann de Konflikt op en Enn kommen?

De Konflikt soll eiser Meenung no esou séier ewéi méiglech gestoppt ginn, an zwar duerch e Waffestëllstand a Friddensverhandlungen. Mir begréissen, datt ëmmer méi Länner op der Welt Initiativen an deem Sënn huelen, dorënner rezent Brasilien a China. D’ADR hat vun Ufank vum Konflikt un esou Verhandlunge gefuerdert, fir Mënscheliewen ze schounen, den Territoire vun der Ukrain esouwäit ewéi méiglech ze preservéieren an en Eskaléiere vum Konflikt ze verhënneren.

  • Wéi steet Är Partei zu Waffeliwwerungen un d’Ukrain?

D’ADR ass fir eng humanitär, ekonomesch an diplomatesch Hëllef un d’Ukrain. Net-déidlech militäresch Hëllef, also ouni Waffen an ouni Munitioun, ka geleescht ginn, woubäi d’ADR z.B. den Domän vum Deminage proposéiert. Dëst wär och eng wäertvoll Hëllef beim Neesopbau. Waffeliwwerunge verlängeren awer nëmmen de Konflikt an domat d’Leed. Déi Iddi, datt domat d’Ukrain kéint méi „staark“ fir Friddensverhandlunge gemaach ginn, ass eng reng Illusioun, déi d’Situatioun vun deem Land op eng dramatesch Manéier verkennt. Och ass an eisen Aen net genuch kontrolléiert, wou déi un d’Ukrain geliwwert Waffen effektiv higinn.

  • Soll a ka Lëtzebuerg Flüchtlingen aus der Ukrain dauerhaft ophuelen?

D’ADR huet vun Ufank un, chronologesch esouguer als éischt Partei an der Chamber, gefuerdert, datt Lëtzebuerg soll Flüchtlingen aus der Ukrain ophuelen. Fir si gëllt dann dat selwecht, wat fir all anere Flüchtling am internationale Recht gëllt: Wann d’Situatioun an hirem Heemechtsland et nees erlaabt, musse si zeréckgoen. Esoulaang dat net de Fall ass, solle mir deene Leit Schutz ginn. D’ADR begréisst dobäi ausdrécklech den enormen humanitären Effort an déi grouss Solidaritéit mat Mënschen an Nout, déi vill Lëtzebuerger gewisen hunn.

  • Soll Lëtzebuerg sech méi aktiv un den Hëllefen an der Ukrain bedeelegen?

Lëtzebuerg soll sech méi aktiv fir Friddensbeméiungen asetzen. Amplaz – elo schonn – iwwer 100 Millioune fir Waffen a Munitioun auszeginn, kéint dat Geld besser fir humanitär Zwecker agesat ginn. D’ADR hat och proposéiert, datt Lëtzebuerg soll en nationale Fong fir d’Rekonstruktioun vun der Ukrain ariichten, dee soll dozou bäidroen, datt Lëtzebuerger Entreprisë kënnen un der Rekonstruktioun vun deem Land participéieren.

  • Wat fir ee Rôle spillt Lëtzebuerg: Soll Lëtzebuerg sech méi aktiv bedeelegen oder sech esou gutt et geet eraushalen?

D’Äntwert ass méi am „wéi“ ewéi am „ob“.  Den Engagement vu Lëtzebuerg muss eng Rei vu Facteure mat berécksiichtegen, dorënner eis reell Méiglechkeeten, eis national Sécherheetsintressien, eis politesch an ekonomesch Intressien, den internationale Rechtskader, eis international Obligatiounen an Engagementer, d’Relatioune mat alliéierten Natiounen an den EU-Memberstaaten, déi méiglech Implikatioune vum Krich op déi Organisatiounen, an deene mir Member sinn, déi zukünfteg Friddensuerdnung an Europa an déi laangfristeg Perspektive fir eis Relatioune mat der Ukrain a mat Russland.

Esou eng Analys feelt an där aktueller Politik, déi e rengen Alignement op déi amerikanesch Positioun ass. D’Äntwert op Är Fro läit och zu engem groussen Deel an der Credibilitéit vun deene verantwortleche Politiker: esoulaang mir Leit an der Regierung hunn, déi ganz eesäiteg an offensiv optrieden, ass e méi konstruktive Lëtzebuerger Engagement fir de Fridden an Osteuropa keng credibel Optioun.

Deel dëse Post: