Wéi eescht ass et der Politik mam Lëtzebuergeschen?

De Fernand Kartheiser huet der Politik op den Zannt gefillt: Wéi eescht ass et verschiddene Parteien, wa si soen, datt Lëtzebuergesch wichteg ass? Duerfir huet hien am Numm vun der ADR en Dënschdeg, den 11. Oktober, eng Motioun an der Chamber hannerluecht. Domadder kënnen d’Deputéierten der Regierung soen, wéi si a Saache Sprooch ze verfueren huet.  An der Motioun stinn nëmme Saachen dran, déi och schonn vun aner Leit an d’Spill bruecht gi sinn an déi si elo misste matstëmmen. Dodrunner huet d’ADR awer ganz staark Zweifelen, egal wéi haart de Schoulminister jäitzt, hie wéilt eis Sprooch elo europäesch maachen. Mir si gespaant, wéi vill Leit fir dës Motioun stëmme wäerten, wann de Moment do ass.

iwwer déi Motioun sollt net ofgestëmmt ginn, ier datt d’Chamber den Auteur vun der Petitioun 698 héieren hätt, huet et du geheescht. Dat ass en Délai mat deem de Fernand Kartheiser ka liewen, wa se dann nët an de Vergiess geréit, wéi hi selwer seet.

Deel dëse Post: