Wéi e Feminismus fir den 8. Mäerz?

Sylvie Mischel Presidentin vun den ADR Fraen, am Kader vun “Zu Gast”  an der Wochenzeitung “Land”:

All Joer, um internationalen Dag vun der Fra, ginn déi feministesch Fuerderungen e Stéck méi ideologesch a méi radikal. Déi Plattform déi dee sougenannten « Fraestreik » organiséiert, schwätzt z.B. an hire Publikatioune vu « femm0e*» an net einfach vu « femme », well mat dem Stärche jidderee soll mat beduecht ginn, dee sech sozial als Fra definéiert. Et ass e Feminismus den net méi d’Frae vertrëtt, mee eng dekonstruktivistesch Gender-Ideologie, séi sech géint eis binär Fra/Mann Gesellschaft stellt an doduerch eis biologesch Realitéit duerch ideologesch Fantastereie wëll ersetzen.  Esou kënnt et och dozou, datt biologesch Männer am Fraesport untrieden, wat natierlech eng flagrant Ongerechtegkeet zum Nodeel vun de Fraen ass. De Feminismus radikaliséiert sech, e gëtt autoritär a wëll de Frae virschreiwe wéi si ze liewen hunn.

D’ADR Frae stellen sech géint esou eng Entwécklung. Mir wëlle kee Feminismus den d’Frae wëll zu enger Kopie vun de Männer maachen. Mir betounen d’Complementaritéit vu Mann a Fra. Mir wëlle Gläichberechtegung a Chancëgläichheet, net de-facto-Gläichheet a Gläichmaacherei. Mir sinn net géint d’Männer mee mir gi mat hinnen duerch dëst Liewen.

Datt d’Fraebeweegung fest an den Hänn vun deene ganz lénke gesellschaftleche Beweegunge gelant ass liest sech aus hire Fuerderungen. Am Beräich vum Logement gëtt z.B. en « temporäre Blockage, bis de Marché sech erëm berouegt huet, fir eng zweet, drëtt oder véiert Immobilie aus Investitiounsgrënn ze kafen. » gefuerdert.  Mir stelle fest, datt esou eng Iddi fir den Investissement a Wunnengen ze stoppen absolut kontraproduktiv ass. Mir wonneren eis doriwwer datt och déi chrëschtlech sozial an déi liberal Fraen esou Fuerderunge – via den CNFL – mat droen. Weder d’CSV, nach d’DP géingen hoffentlech esou onsënneg Fuerderungen an der Chamber ënnerstëtzen. D’ADR mol sécher net.

Mir wieren eis och géint déi Manie vum Fraeministère (Codenumm « MEGA ») fir eis Frae wëlle virzeschreiwe wéi e Beruff mir solle wielen. Martialesch gëtt vun engem néidege “Kampf” géint esou genannte “Stereotyppe” geschwat, wa Fraen éischter en traditionelle Fraeberuff wielen. Krankeschwëster, sozial Beruffer, Schouljoffer si Beispiller wéi eng Fra sech an den An vum MEGA ka falsch orientéieren.  Esou Beruffer gëllen als bedauerlech stereotypesch Verhalensweise fir Fraen déi nach net  dee Privileeg hate fir feministesch ëmerzunn ze ginn. Frae sollen dach, esou eise Feminismusministär, endlech méi Männerberuffer iwwerhuelen. Mir ADR-Fraen verlaangen dogéint, datt de Staat sech aus de berufflechen Decisioune vun de Fraen eraus hält. D’Fraen huelen déi Entscheedungen déi si arrangéieren a brauche kee maternalistesche Ministère den dat mengt missen ze kommentéieren oder ze beaflossen. De Staat huet sech eraus ze halen. Dowéinst hunn d’ADR-Fraen dëst Joer fir hir Aktioun um Fraendag de Slogan « Eist Liewen – eise Choix » gewielt. D’Fraen hunn hautdesdaags déi Méiglechkeet fräi ze wiele wat si wëlle schaffen, wéi laang si wëlle schaffen a wéi si hir Aarbechtszäit wëllen opdeelen.

Och déi nei Moud, datt de Staat sech wëll an de Stot vun de Leit amësche weise mir zréck. Ween doheem wéi eng Contributioun leescht, wie botzt a kacht, wie schaffe geet a wien sech em d’Kanner këmmert ass eng Decisioun vun der Koppel déi de Staat näischt ugeet.

D’ADR Fraen vertrieden d’Rechter vun de Fraen. Dat brauchen si scho laang net méi géint d’Männer ze maachen, awer leider ëmmer méi géint de Staat.

 

Deel dëse Post: