Transparenz a Saachen Digitaliséierung ass net ëmmer déi héchst Prioritéit vun der Regierung. An deem Kontext huet den Tom Weidig e puer Froen un déi zoustänneg Ministesch.
Fro:
Aktuell kënnen d’Bierger iwwer myguichet.lu iwwerpréiwen, wéi eng Verwaltungen an de leschte sechs Méint op hir Donnéeën am nationale Persouneregëster zougegraff hunn. D’Transparenz ass dobäi awer begrenzt, well myguichet.lu zwar déi betreffend Verwaltungen uweist, awer net automatesch detailléiert Informatioune liwwert, wéi beispillsweis den exakten Zäitpunkt, d’Heefegkeet oder de konkreten Zweck vun de Consultatiounen.
Virun dësem Hannergrond wéilt ech der Madamm Minister gär follgend Froe stellen:
- Ass virgesinn, d’Transparenzfunktiounen op myguichet.lu weider auszebauen?
- Firwat ass den Historique aktuell op sechs Méint limitéiert? Ass eng Verlängerung vun där Consultatiounsperiod geplangt?
- Op wéi enge juristeschen oder technesche Grënn baséiert d’Tatsaach, datt den exakten Zäitpunkt an de konkrete Kontext vun enger Consultatioun aktuell net ugewise ginn?
- Ass d’Regierung der Meenung, datt Bierger e Recht sollten hunn, de konkrete Grond fir d’Consultatioun vun hire perséinlechen Donnéeën nozevollzéien?
- Ass geplangt, proaktiv Notifikatioune virzegesinn, wann eng Verwaltung op perséinlech Donnéeën zougräift?
- Wéi positionéiert sech Lëtzebuerg am europäesche Verglach, wat d’Transparenz iwwer d’Consultatioun vu perséinlechen Donnéeën duerch Verwaltungen ugeet?
Äntwert:
1.
De Ministère ënnerstëtzt Transparenzfunktiounen op den diversen Kommunikatiounsportail’en, déi dem Bierger zougänglech gemaach ginn, y compris iwwert de Wee vum MyGuichet.lu.
2.
D’Zäitdauer vu 6 Méint, wärend där d’Bierger iwwer MyGuichet.lu iwwerpréiwe kënnen, wéi eng Verwaltungen op hir Donnéeën am nationale Persouneregëster zougegraff hunn, ass am Artikel 38 vum Gesetz vum 19. Juni 2013 zur Identifikatioun vu physesche Persoune virgesinn. Fir eng Verlängerung vun dëser Zäitdauer wier eng Modifikatioun vun der besoter gesetzlecher Basis erfuerdert.
3.
Den Artikel 38 vum Gesetz vum 19 Juni 2013 zur Identifikatioun vu physesche Persoune gëtt de Bierger d’Recht eng Lëscht vun eenzelnen Instanzen ze kréien, déi d’Date vum Bierge an deene leschte 6 Méint traitéiert hunn. D’Prozedur fir eng Ufro vun dëser Lëscht ass am Artikel 36 vum Gesetz vum 19. Juni 2013 virgesinn. Fir déi genau Grënn vun der Consultatioun vun den Date gewuer ze ginn, muss de Bierger eng entspriechend Ufro bei der betraffener Instanz maachen.
4.
Dëst d’Recht steet de betraffene Persounen am Aklang mam Artikel 15 vum generellen Dateschutz Reglement (RGPD) zou.
5.
Nee.
6.
D’Reegelen zur Transparenz, Informatiounspflicht an zum Accès Recht, déi vum RGPD virgesi si, sinn – am Aklang mam EU-Recht – direkt am nationale Recht applikabel.